background background

déi jonk gréng

Fabricio Costa, eise Kandidat fir EU-Walen 2024

Déi jonk gréng hu bei dësen EU-Walen den Fabricio Costa als Spëtzekandidat op der grénger Lëscht.

De Fabricio ass 29 Joer al an ass fréiere Co-Spriecher vun de jonke gréngen. Selwer ass hien Politologue an schafft als Attaché parlementaire.

Wat beweegt de Fabricio als Spëtzekandidat bei dëse Walen unzetrieden?

” Ech setze mech a fir eng EU vun der Solidaritéit, an net vum nationalen Egoismus. Dofir, dass Europa d’Verspriechen op eng besser Zukunft, Fräiheet a Fortschrëtt bleift.

Mat enger EU-Wirtschaft a Finanzwelt, an där Nohaltegkeet net d‘Ausnam, mee d‘Norm ass. Mat enger sozialer EU, déi kee fale léisst.

A mat engem kloren Nee zu den Extreemen, déi eis auserneen dreiwe wëllen. “

Méi iwwert Fabricio fannt dir ënnert sengem Site.

Als Jugendpartei hu mir eis och Gedanken iwwert dës Walen gemach, de ganze Programm fannt dir hei.