Lëtzebuerg brauch eng Zockersteier op staark gezockert Gedrénks – et gëtt héich Zäit!
D’Aféierung vun enger no Zockergehalt gestaffelter Steier op staark gezockert Gedrénks soll d’Industrie dozou beweegen, manner Zocker an hir Produiten ze maachen, doduerch den Zockerkonsum an der Gesellschaft, virun allembei der Jugend, ze reduzéieren an zousätzlech Recettë fir eisen Gesondheetssystem ze generéieren.
Dei däitsch Regierung huet eng Tax op zockerhalteg Gedrénks ugekënnegt, déi se spéitstens 2028 aféiere wëll. Domat wier Lëtzebuerg dat eenzegt Land an der Noperschaft ouni geplangten Zockersteier: Frankräich besteiert zockerhalteg Gedrénks zanter 2018 no hirem Zockergehalt, an der Belsch gëtt et zanter 2016 eng Accise op Softdrinks an déihollännesch Regierung huet nach am Summer 2026 confirméiert, datt sie un enger Zockersteier schafft.
D’CNS steet finanziell ënner Drock
D’Gesondheetskeess (CNS) steet virun engem strukturelle Finanzéierungsproblem. Fir 2026 rechent d’Regierung matengem Defizit vun 126,5 Milliounen Euro. D’Ausgabe klammen also däitlech méi séier wéi d’Recetten. D’Regierung huetelo wierklech kee Grond méi ze waarden.
Souguer d’ Cour des comptes huet a sengem Avis zum Staatsbudget 2026 d’Aféierung vun enger Zockersteier recommandéiert: “L’introduction d’une taxation du sucre pourrait ainsi constituer une mesure stratégique à double finalité, soutenant la prévention sanitaire tout en assurant la pérennité des finances publiques.”
Zocker ass och eng Fro vun der ëffentlecher Gesondheet.
De gesondheetspoliteschen Handlungsbedarf ass kloer: Zu Lëtzebuerg liewe laut enger europäescher Gesondheetsëmfro (EHIS 2019) no 14,6% vun den erwuessene Fraen an 18,4% vun den erwuessene Männer mat Adipositas, also mat krankhaftem Iwwergewiicht. Laut der HBSC-Etüd (Health Beahviour in School-Aged Children, 2022) sinn ongeféier 21% vun den 11- bis 18-Järegen zu Lëtzebuerg iwwergewiichteg oder adipös. Den doduerch erhéichte Risiko fir Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen, Diabetes, Karies a verschidden Zorte vu Kriibs belaaschten net nëmmen déi Betraffen, mee och eise Gesondheetssystem.
Och d’WHO recommandéiert eng gestaffelt Zockersteier, déi de Konsum vu staark gezockerte Gedrénks reduzéieren. Eng Etüd vun der WHO huet d’Softdrinks nämlech als eng vun den Haaptquelle vu bäigefüügtem Zocker identifizéiert.Lëtzebuerg huet bis haut keng spezifesch Lenkungssteier op gezockert Softdrinks agefouert a verzicht domat op e wichtegt Instrument vun enger moderner Präventiouns- a Gesondheetspolitik.
International Erfarungen weisen, datt gutt konzipéiert Zockersteieren net nëmmen de Konsum vu staark gezockerte Gedrénks reduzéieren, mee och d’Hiersteller dozou beweegen, hir Rezepter unzepassen. Sou ass am Vereenegte Kinnekräich vun 2015 op 2024 den a Softdrinks verkaaften Zocker ëm 47% zréckgaangen.
Eng Zockersteier mat duebelem Effekt
Eng gestaffelt Zockersteier hätt also zwee grouss Virdeeler, déi sech géigesäiteg verstäerken: Manner Krankheeten, déi mat héijem Zockerkonsum zesummenhänken, virun allem bei der Jugend, wat de Gesondheetssystem entlaascht.D’Recetten aus där Steier solle genotzt ginn, fir de Gesondheetssystem finanziell ze stabiliséieren a manner zockerhalteg a méi gesond Ernierungsstiler ze promouvéieren.
Dowéinst fuerderen déi jonk gréng vun der Regierung de längst iwwerfällege Schrëtt, eng gestaffelt Zockersteier anzeféieren.
Pressemitteilung zum Ausdrucken
